Menu

«Thierry – D’Expo»

The exhibition «Thierry – D’Expo» is shown in the CNA until the 31st of December. The book «Thierry van Werveke» by Yves Steichen is available at the Éditions Saint-Paul.

Book tip

Thierry van Werveke

Steichen, Yves
19,00 € In Stock

Den Thierry van Werveke ass eng lëtzebuergesch Ikon, ech si mir sécher, dass dat ëmmer esou bleiwe wäert. Ewéi seet een - Legende stierwen ni, eise lëtzebuergeschen James Dean huet dat fäerdeg bruecht. A leschter Zäit hunn ech mir ee Koup Filmer vun him ugekuckt, ech si frou, dass ech duerch dës Biografie vum Yves Steichen ee klenge Bléck hannert d'Kulisse luusse konnt an och de Mënsch kennegeléiert hunn. Et war mir eng Freed! Duerch déi ënnerschiddlech Kapitelen aus diverse Liewensetappe gëtt et net langweileg, mat Momenter ass d'Buch emotional. Mir léieren den Thierry kennen, seng gutt Momenter, seng schlecht Momenter, seng Filmer a seng Musek - einfach hien. Ech war beandrockt. Hien huet säi Liewen trotz Réckschléi an de Grapp geholl, hien huet dofir gekämpft eppes z'erreechen. Dat ass him ganz gutt gelongen! Déi vill Fotoen hëllefen dës Abléck ze verdéiwen, duerch si ass den Thierry fir ee kuerze Moment lieweg. Mir begleeden hien duerch seng Kandheet, duerch gutt a schlecht Zäiten, entdecke mat him d'Loscht fir Film a Musek. Mir léiere Famill a Frënn kennen. Natierlech liest sech d'Geschicht net esou einfach ewéi ee Roman, et ass ee méi konzentréiert bei där Saach, et wëll ee keng Thierry-Anekdot verpassen. Am interessantste ware fir mech déi etlech Interviewsauszich, et ass allerdéngs och der Wäert ee Bléck an d'Filmographie ze geheien oder a seng Musek ze lauschteren. Dës Biographie ass wierklech liesenswäert, ech si mir sécher, dass se och dem Thierry gefall hätt. D'Buch mécht Loscht op méi - ech wäert d'Ausstellung am Pomhouse zu Diddeleng och besiche goen.

Jessica Mersch