Fir den Ufank vum neie Kierchejoer – den 1. Adventssonndeg (29. November) – gëtt d’Äerzbistum Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat den éditions saint-paul en Evangeliar op Lëtzebuergesch eraus. An dësem Evangeliar fënnt een d’Evangelientexter vun de Sonndeger a vun de grousse Festdeeg fir d’Liesjoren A, B an C an d’Evangelie fir d’Oktavzäit.Den Evangeliar kënnt an zwee Formaten eraus: am Groussformat, fir de festleche liturgesche Gebrauch, an an engem handleche Format, fir den Hausgebrauch a fir déi perséinlech Lektür a Meditatioun.Dee bekannte Lëtzebuerger Kënschtler Jean-Marie Biwer huet 12 Illustratioune fir an den Evangeliar geschaf...