Ce petit roman palpitant s’adresse aux jeunes adolescents qui découvrent la richesse et la beauté de la langue française, plus précisément à ceux qui vont bientôt faire, ou viennent de faire, le grand bond de l’enseignement primaire vers l’enseignement secondaire. Le texte est suivi d’un petit lexique proposant l’explication de mots et d’expressions du...
La vie fascinante et l’œuvre mondialement connue d'Edward Steichen, photographe américain d’origine luxembourgeoise et artiste aux multiples talents, paru dans la série « biographies luxembourgeoises » des Editions Saint-Paul en collaboration avec le Centre national de l'audiovisuel (CNA).
An dësem Roman geet et ëm Intrigen, Verrot a Feigheet, mee och ëm Frëndschaft, Loyautéit an Zivilcourage. Den Auteur hëlt de Lieser mat op eng faszinant Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht a Lëtzebuerger Mythen, déi duerch eng zäitgeméiss Sprooch rëm lieweg ginn.
Psychesch Erkrankunge gi gäre verkannt. Et ass net ewéi bei engem gebrachene Been oder enger Gripp. Se sinn net ze gesinn. Aus deem Grond gi se dacks net eescht geholl. Et ass leider nach ëmmer en Tabuthema. „Dir geet et net gutt? Rapp dech um Rimm!“ Esou einfach ass et awer net. Mat dësem Buch léiert de Lieser déi verschiddenst Erkrankunge kennen: d'Symptomer an d'Méiglechkeeten domat ëmzegoen. D'Schreifweis ass klinesch. Dat hëlleft allerdéngs déi divers Informatioune besser ze verstoen. Et ass gutt erkläert, zemools fir Mënsche mat wéinege medizinesche Kenntnisser ... Wie sinn ech? Wat ass Deel vu menger Erkrankung? Wéi ginn ech mat Angscht ëm? Mir liese vu verschiddene Patienten an hire Behandlungen, vu Medikamenter an Entspanungsübungen. Et ass vun allem dobäi. D'Buch ersetzt natierlech kee Rendez-vous bei engem Psycholog. Et ass awer ee gudden Ufank. Et hëlleft ze wëssen, dass een net eleng ass ‒ och wa sech dat esou ufillt. Et gëtt d'Buch op Lëtzebuergesch a Franséisch. Perfekt fir Betraffener ‒ an immens hëllefräich fir Familljememberen a Frënn. Et ass keng Schan, sech iwwert dës Erkrankungen z'informéieren. A mengen Aen ass et een Zeeche vu Stäerkt! Et mécht Iech d'Liewe bestëmmt e bësse méi einfach. Courage!
Jessica Mersch