Menu
De Schmuebeli Agrandir l'image

De Schmuebeli

Nicolas Feider

9782879639659

19,00 €

Well eis dräi Schmuebelskanner sech de ganze Summer esou gutt matenee verdroen haten, haten hir Elteren hinne versprach, ier si géife fortfléien nach emol en Tour an d'Éislek ze maachen. Dat war eng Kéier sonndes, et war wonnerbaart Hierschtwieder, an si hunn sech erëm richteg gutt um Stauséi amuséiert. A wéi si um Enn midd ware vum ville Rolzen, dunn hunn si sech an d'Kroun vun enger décker Eech gesat. Si wollten e bësse raschten a vun uewen erof deene fuerwege Segelbooter nokucken. Si waren esou dätsch, datt si esouguer fir e gudde Strapp hir mauleg Schniewele gehal hunn. Wéi dunn alles esou roueg war, dunn hunn si op eemol eppes héieren schlucksen, e puer Äscht méi déif op hirem Bam. An do hu si e klengt Schmuebelskand gesinn, dat ganz erbäermlech gekrasch huet...

  •   Post / Greco (Disponible sur commande)
  •   Libo Grevenmacher (Disponible sur commande)
  •   Libo Diekirch
  •   Libo Wiltz
  •   Wort-Shop Gasperich

Ce produit n'est plus en stock

29 autres produits dans la même catégorie :